Musek NewsLinkin Park knacke mat "Numb" e Youtube-Rekord

De Video zu der Single "Numb" gouf iwwer 1 Milliard Mol opgeruff.

Leschten Update: 15.11.2018, 14:28:39

© afp

11 Joer nom Release vum Video zu der Single „Numb“ hunn d’Jongen een neie Bandrekord opgestallt a sech iwwer eng Milliard Klicks op Youtube geséchert. No Videoe’n wéi dem Adele säin « Hello », oder dem Ed Sheeran säi « Shape of you” ass also och de Linkin Park Clip elo am Ranking vun de beléiftste Youtube-Vidoe’n mat dobäi - a ka sech hei de Moment op Plaz 110 erëm fannen.

Op Plaz 1 vun de meescht gekuckte Youtube Clips ass iwwregens de Luis Fonsi an Daddy Yankee mat « Despacito », deen zanter dem Release am Januar 2017 iwwer 5,7 Milliarden Mol opgeruff gouf.