Musek NewsRap-Castingshow op Netflix mam Cardi B

Netflix produzéiert ënnert dem Titel „Rhythm and Flow“ elo eng Castingshow fir Hip-Hop-Talenter.

Leschten Update: 14.11.2018, 14:34:54

Cardi B© afp


An der Jury vun dëser Castingshow setzen bekannten Hip-Hop-Staren wéi Cardi B, Chance The Rapper an T.I. déi hei no talentéierten Newcomer sichen. Optakt vun der Show ass fir Hierscht 2019 geplangt. All Emissioun soll an enger anerer Stad mat lokalen Hip-Hop-Talenter ofgehale ginn.

Fir Netflix ass „Rhythm and Flow“ déi éischt Musek-Castingshow. Produzéiert gëtt d’Emissioun ënner anerem vum John Legend.