Musek NewsChris Cornell-Gedenkconcert mat Metallica a Foo Fighters

De 17. Mee 2017 ass de Soundgarden-Sänger Chris Cornell gestuerwen, Ufank Januar ass zu L.A. e grousse Gedenkconcert geplangt.

Leschten Update: 15.11.2018, 14:28:16

Ënnert dem Numm „I Am The Highway: A Tribute To Chris Cornell” wäert de 16. Januar 2019 zu L.A. ee Gedenkconcert zu Éieren vu der Grunge-Legend organiséiert ginn. D’Memberen vum Chris Cornell senge fréiere Bands Soundgarden an Audioslave wäerten hei optrieden. Och d’Foo Fighters, Metallica an aner special guests hu sech ugekënnegt.

Tickete fir den Event kritt ee vum 16. November 2018, un iwwer Ticketmaster. Den Jimmy Kimmel wäert de Concert moderéieren.