Musek News"White Flag"-Sängerin Dido annoncéiert Comeback

No 5 Joer Paus huet d‘Dido e Comeback ugekënnegt.

Leschten Update: 15.11.2018, 14:27:55

© Facebook

Mat Singelen wéi "White Flag" an "Life for rent“ gouf d’Dido bekannt, an de leschte Joren war et awer roueg ginn ëm di britesch Sängerin. Elo huet d’Dido sech zréck gemellt a fir Mäerz 2019 den neien Album "Still on my mind" ugekënnegt.

Mam neien Album geet d’Sängerin och nees op Tour a spillt ënner anerem den 13. Mee zu Frankfurt an an de 15. Mee zu Berlin.