Musek NewsErfollegräichst Tour vum Joer gouf gewielt

Bei de "Billboard Live Music Awards” ginn all Joer di erfollegräichst Concertstournée'en vum Joer gewielt. Elo steet de Gewënner 2018 fest.

Leschten Update: 15.11.2018, 14:27:19

Ouni grouss Iwwerraschung gouf dem Ed Sheeran seng Tour „Top World Tour“ vum Joer, virum Taylor Swift senger „Reputation Tour“ an der gemeinsamer Tour vu Beyoncé an Jay’Z op Plaz 3.   

Dem Ed Sheeran seng Tour huet souwuel di meescht Suen agespillt wéi och di meescht Ticketen verkaf.

Den "Top Boxcore Award” wou eng eenzeg Locatioun ausgezeechent gëtt geet iwwerdeems un U2 fir hir 4 Optrëtter zu Sao Paolo a Brasilien.