Musek NewsSnoop Dogg kritt Stär um Hollywood Walk of Fame 

D’Liewen an d’Aarbecht vum Snoop Dogg gëtt mat engem Stär um Hollywood Walk of Fame geéiert.

Leschten Update: 16.11.2018, 14:25:01

© afp

Nach dëse Mount gëtt de Snoop Dogg mat sengem eegene Stär um Hollywood Walk Of Fame ausgezeechent. Hien wier ee vun deene Mënschen déi alles kënnen, heescht et an der Begrënnung. Hien mécht Musek, spillt a Filmer mat, hien huet eng eegen Telesshow, hien kacht an hien ass karitativ engagéiert.

Et ass deen 2651. Stär zu Hollywood, iwwert deen d’Snoop Dogg Fans scho geschwënn trëppele kënnen. Virun him waren ënner anerem Tupac Shakur, Pharrell Williams, Puff Daddy, Pitbull, hei veréiwegt ginn.