Musek NewsKylie Minogue ass Headliner um Rock Werchter 2019

D’Organisateuren vum Rock Werchter hunn 10 nei Bands fir d’Editioun 2019 annoncéiert.

Leschten Update: 16.11.2018, 14:13:09

© afp

Di australesch Sängerin Kylie Minogue wäert als Headliner um Rock Werchter 2019 optrieden. Ausserdeem goufen haut weider Bands fir de Festival annoncéiert, dorënner de Paul Kalkbrenner, Bring me The Horizon, an Years & Years. Dass Pink, Muse, The Cure an Mumford&Sons hei spillen, war scho virdrun bekannt.

D‘Editioun 2019 ass vum 27.-30. Juni.