Musek NewsMaroon 5: Super Bowl ass nach net confirméiert

Maroon 5 si scho laang am Gespréich als Live Band wärend dem Super Bowl. De Frontman Adam Levine wëllt dat awer nach net confirméieren.

Leschten Update: 19.11.2018, 12:48:24

© afp

An der Ellen DeGeneres Show d’lescht Woch gouf den Adam Levine op ee Live Optrëtt wärend dem Super Bowl den 3. Februar ugeschwat. Dat wier just ee Gerücht, huet de Museker geäntwert. Hien kéint dat weder confirméieren nach dementéieren.

Een definitiven „Neen“ war dat op alle Fal net. D’Chance dass Maroon 5 tatsächlech bei dësem grousse Sport-Event optrieden, stinn also zimlech gutt.