Musek NewsCamila Cabello schafft un neiem Album

D'Camila Cabello schéint scho fläisseg un engem Nofolger vu sengem Solo-Debüt ze schaffen. 

Leschten Update: 19.11.2018, 13:08:59

© afp

Mat sengem Solo-Debütalbum „Camila“ huet di amerikanesch Sängerin et net just un d’Spëtzt vun den amerikanesche Billboard Charts gepackt, mee och e puer Rekorder op Spotify opgestallt. Elo huet d‘Camila Cabello op Instagram matgedeelt dass hatt schonn un engem Nofolger schafft. 

D’Sängerin huet nämlech eng Foto gepost, wou hatt grinsend am Studio am gaangen ass, ee  Lidd anzesangen. Wéini mir mat dësem 2. Soloalbum rechnen kënnen, steet awer nach net fest.


View this post on Instagram

MAKING NEW STUFF AND THINGS!!!

A post shared by camila (@camila_cabello) on