Eldoradio "LIVE"P!NK

E Sonndeg den Owend - ee weideren Top Concert um Hitradio zu Lëtzebuerg! Dës Kéier: P!NK

Leschten Update: 07.12.2018, 13:34:31

© Ferdy Damman / ANP / AFP

Um 5. Dezember 2009 war d'Pink am Kader vu senger Funhouse Tour zu Lëtzebuerg an der Rockhal. 
Um 5. Dezember 2018, also de leschte Mëttwoch huet Eldoradio Iech e Live-Concert vun der US Musekerin am Kader vum Eldo Live presentéiert. De Concert héier dir dëse Sonndeg nach eng Kéier! 

Säit sengem Debut am Joer 2000 huet d'Pink 34 Singlen, 7. Alben an 3. Live-Alben erausbruecht. De leschte Live-Album aus dem Joer 2013 héier dir dëse Sonnden am Eldo Live! 

Am nächste Joer wäert d'Pink fir d'éischte Kéier säit senger Funhouse Tour erëm an Europa ënnerwee sinn an e.a Concerten zu Amsterdam, Köln oder dem Rock Werchter an der Belsch spillen. Als Astëmmung, héier dir am Eldo Live 21 Lidder vum Pink, vu senger Funhouse Tour, Live vu Melbourne. Mat dobäi sinn eng sëllechen Hits aus sengem Ufanksjoren, wéi "Just Like a Pill" a "U And Ur Hand", ganz vill Dialoger mam Public an och mol e Cyndi Lauper Cover vun "Time After Time".

De leschten Eldo Live vum Joer 2018 ass zesumme mam Pink! Lass geet et e Sonndeg den Owend um 20h00 hei op Eldoradio, op Eldo.lu an an der Eldo App.