Musek NewsForbes-Lëscht: Helene Fischer virum Britney Spears

De Forbes Magasinne huet elo säi Klassement eraus bruecht, mat deene live Kënschtlerinnen déi weltwäit am meeschten verdéngen.

Leschten Update: 21.11.2018, 15:01:38

© afp

D’Top 10 liest sech esou wéi den „Who is Who“ aus der Museksindustrie. Op de Plazen 1-5 fënnt deen deemno Katy Perry, Taylor Swift, Beyoncé, Pink a Lady Gaga. Méi iwwerraschend ass dann, dass och di däitsch Sängerin Helene Fischer an den Top 10 mat dobäi ass. Mat der 8. Plaz klasséiert hatt sech nach virun Céline Dion a Britney Spears.

Di 10 aktuell Top-Live Acts:

1. Katy Perry (83 Mio Dollar)

2. Taylor Swift (80)

3. Beyoncé (60 )

4. Pink (52)

5. Lady Gaga (50)

6. Jennifer Lopez (47)

7. Rihanna (37.5)

8. Helene Fischer (32)

9. Celine Dion (31)

10. Britney Spears (30)