Musek NewsMarteria a Casper kënnege Projet "Alles Verboten 2" un

Beim "BAMBAATAA"-Tourstart zu London hunn de Marteria an de Casper weider Zesummenaarbecht ugekënnegt.

Leschten Update: 22.11.2018, 13:45:25

 De Moment sinn de Marteria an de Casper mat hirer Club-Tour duerch Europa ënnerwee. Mat hirem néien Album "1982" zéien si aktuell duerch 6 Länner a spillen an deene 6 Haaptstied. London, Amsterdam, Prag, Bern, Paräis an da bei eis am Atelier.

Mat Singelen wéi "Supernova", "Champion Sound" an "Adrenalin" bréngen déi zwee hir Fans wärend der Show zu London mächteg an d'Schweessen. Mee net nëmme mat enger exzellenter Performancë maachen si hier Fans glécklech, mee och eng bestëmmten Nouvelle huet bei ville Freet ausgeléist. Bei engem Freestyle um Concert hu si bekannt ginn dass schonn un neie Lidder geschriwwe gëtt. "Alles Verboten 2" soll de Projet heeschen an 2019 ufänken. Et soll e Projet sinn deen als Follow-Up vum Wierk 2010 gëllt. Deemools haten déi zwee op dem Marteria senger LP "Zurück in die Zukunft" e Lidd zesumme mat dem Numm " Alles verboten".

Hei nach eng Kéier d'Lidd:







Dëse Méindeg kënnt der béid Museker live am Atelier erliewen. Ausserdeem trieden béid Hip-Hop-Museker och op der Main-Stage beim Rock am Ring 2019 op.