Musek NewsSou vill verdéngt d'Dua Lipa mat "New Rules"

D’Dua Lipa huet mat sengem Hit "New Rules" net just Chartsrekorder gebrach, mee och fir e gutt gefëllte Bankkonto gesuergt.

Leschten Update: 22.11.2018, 14:24:12

“New Rules” ass bis elo déi erfollegräichst Single vum Dua Lipa. Mat enger Milliard Streams huet d’Rita Ora domat e Rekord op Spotify opgestallt. Wéi Spotify och confirméiert, huet d‘Sängerin mëttlerweil iwwer 7,5 Milliounen Abonnenten op hirem Konto versammelt an et op Plaz 5 gepackt vun de Staren mat de meeschte Follower. Just Maroon 5, Calvin Harris, J Balvin an Drake hunn nach méi Follower.

Wéi aus dem “Streaming Royalty Calculator” ervir geet, huet d’Dua Lipa ausserdeem mat “New Rules iwwer 4 Milliounen Dollar verdéngt. Säin ganzen Album “Dua Lipa Complete Edition” soll 16,4 Milliounen Dollar agespillt hunn.