Musek NewsPharrell Williams: Sou gesäit seng nei Kollektioun aus

De Pharrell Williams huet net nëmme säin eegene Fashionlabel, mee elo och eng nei Kooperatioun mat enger Sportmark.

Leschten Update: 22.11.2018, 14:57:15

© afp

De Pharrell Williams huet een neien Deal u Land gezunn: Zesumme mat Adidas bréngt hien seng “Solar Hu”-Kollektioun op de Maart. Domat wëllt hien eng Geschicht erzielen – D’Moudelinn ass nämlech vun der afrikanescher Kultur inspiréiert. Vill Persounen aus der Campagne stamen aus dem Sudan, Senegal oder Kenia.

Styletechnesch huet sech de Pharrell Williams vun High-Fashion, awer och gewéinlecher Streetwear inspiréiere gelooss. 

Et ass schonn déi 2. Kéier, dass de Pharrell sech mat Adidas fir d‘Solar Hu-Linn zesummen deet. Scho viru 4 Joer gouf de Fashion-Nerd dofir engagéiert.