Musek NewsRammstein-Tix: Verkafsverbuet fir Viagogo

D'Geriicht huet den deiere Weiderverkaf vu Rammstein-Ticketen bis op Weideres gestoppt.

Leschten Update: 22.11.2018, 16:33:18

Bannent e puer Stonne waren sämtlech Concerten vun der Rammstein-Tour 2019 sold out.

Vill Fans hu probéiert iwwer Revendeuren un Ticketen ze kommen, A ware bereet, dofir nach méi Suen auszeginn wéi souwisou schonn. Séier sinn di potentiell Keefer bei Viagogo gelant, wou zanter Joren Concertsticketen extrem deier weider verkaf ginn.

Rammstein si komplett géint dëse System an dowéinst hunn si den Ticketverkeefer verklot. Mat Succès, well Rammstein hunn erreecht, dass Viagogo bis op Weideres keng Ticketen fir hir Concerten méi verkafe dierfen.