Eng Partie Headliner sinn e Freideg bei de Line Up vun der Editioun 2019 dobäi komm. Freides goufen Optrëtter vun Jungle, The 1975 an Weezer confirméiert. Samschdes trieden Macklemore, Clean Bandit an Two Door Cinema Club op a sonndes kommen Underworld zréck fir eng Live-Show op de Festival. Scho méi laang gewosst ass, dass d'Pink, The Cure an Muse hei optrieden.