Musek NewsGuns N’ Roses: Kranken Axl Rose séngt zu Abu Dhabi

Den Axl Rose ass trotz „schwéierer Krankheet“ zu Abu Dhabi opgetrueden. De Concert gouf awer gekierzt.

Leschten Update: 26.11.2018, 15:01:06

© afp

Geschter Owend hunn Guns N’Roses e Concert zu Abu Dhabi gespillt. Allerdéngs stoung dëse leschten Optrëtt  vun der „Not in this lifetime Tour“ ënner kengem gudde Stär. De Frontmann Axl Rose huet sech trotz „schwéierer Krankheet op d’Bühn geschleeft an dowéinst ass d’Show och méi kuerz ausgefall.

Op ee bei enger Mogripp vun enger „schwéiere Krankheet“ schwätze kann, sief dohi gestallt  Sech kierperlech unzestrengen, ass an deem Fall awer tatsächlech net dat Bescht.