Musek NewsD’Miley Cyrus ass zréck mat neier Musek

Méintelaang huet d’Miley Cyrus sech aus der Ëffentlechkeet an och aus de soziale Medien zréck gezunn: elo huet hatt e Comeback annoncéiert.

Leschten Update: 27.11.2018, 14:09:40

An de leschte Wochen war bekannt ginn, dass d’Miley Cyrus wärend de Bëschbränn a Kalifornien säin Haus verluer hat.  Trotz dëser schwéierer Zäit huet d’Sängerin sech elo zréck gemellt an een neit Lidd zesumme mam Mark Ronson annoncéiert. Op Instagram huet hatt och schonn ee klengen Extrait verëffentlecht.


View this post on Instagram

11/29 💔 @iammarkronson

A post shared by Miley Cyrus (@mileycyrus) on




Laang waarden mussen d’Fans awer net méi: de Release ass fir dëse Freideg geplangt. De 15. Dezember steet ausserdeem eng Live-Performance bei „Saturday Night Live” um Programm.