Musek NewsD'Sia warnt seng Fans

Fans vum Sia sollen oppassen: Et ass eng Persoun a sengem Numm an de sozialen Netzwierker ënnerwee.

Leschten Update: 27.11.2018, 14:14:30

Via „Instagram“ huet d‘Sia hir Fans elo gewarnt, dass een Onbekannten d’Sängerin op Instagram an aneren sozialen Netzwierker imitéiert. D‘Sia betount, dass Twitter di eenzeg Plaz wier, wou hatt vun Zäit zu Zäit eppes post. Iwwerall soss wou een e Post gesäit, deen net mat „Team Sia“ ënnerschriwwen ass, wier eng Imitatioun. Wann ee kee verifizéierten Häkchen gesäit, dann ass den Account net offiziell.