Musek NewsJustin Timberlake muss Concert ofsoen

Den Justin Timberlake sollt dësen Dënschdeg Owend am Staples Center zu L.A. optrieden. Dorops haten d’Fans sech awer ëmsoss gefreet.

Leschten Update: 28.11.2018, 13:45:31

© afp

Wéinst Problemer mat de Stëmmbänner huet de Museker den Optrëtt missen ofsoen.   Wéi den Justin Timberlake op Twitter schreift, hätt den Dokter him geroden, net opzetrieden. Hien géing dat awer nees gutt maachen an de Concert op sengem Gebuertsdag den 31. Januar nohuelen.





Et ass iwwregens net fir d’éischt, dass den Justin Timberlake Concerten muss verréckelen,  Ufank Oktober hat hien schonn e puer Optrëtter zu New York wéinst gesondheetleche Problemer annuléiert.