Musek NewsNei Musek vu Coldplay ënner neiem Numm

Coldplay hunn nei Musek ënnert dem Numm "Los Unidades" verëffentlecht...

Leschten Update: 28.11.2018, 13:29:18

Vill Fans hate vun Ufank un schonn drop spekuléiert dass et sech béi der Instagram-Foto, déi de Plackelabel Parlophone eropgelueden hat, ëm Coldplay handelt. De Label hat ugekënnegt, dass een eng néi Band mam Numm "Los Unidades" ënner Kontrakt geholl huet. 





Ma d'Fans hate Recht. Tatsächlech ass et d'Band Coldplay déi elo ënnert engem neien Numm Musek mécht. Los Unidades, spuenesch "déi Vereenten" ass e Projet am Kader vun der Global-Citizen-Organisatioun, wou de Chris Martin nees de Frontsänger ass. No deem d'Single "E-Lo" mam Pharrell Williams erauskomm ass, kënnt dëse Freiden och schonn direkt hir EP mam Numm "Global Citizen". Mat prominente Kënschtler wéi dem Stormzy an dem David Guetta kann ee sech op gutt Musek freeën.