Musek NewsDe Chris Martin wëllt bei Take That matspillen

Take That ginn d’nächst Joer op grouss Jubiläumstour an do wier ee bekannte Sänger gäre mat dobäi.

Leschten Update: 29.11.2018, 11:50:27

© afp

An zwar de Chris Martin. Awer net als Zuschauer, mee als feste Member vun der Boyband. An engem witzege Video huet de Coldplay-Frontman elo seng Demande gemaach fir eng Plaz bei Take That , an  dofir de Video zu der Single „Do What You Like“ nogestallt. An enger Liedergilet mat Schlips, Kap an schwaarzer Vëlosbox turnt de Sänger duerch de Gaart a gëtt alles- fir um Enn z’erklären: „30 Joer méi spéit an ech sinn ëmmer nach bei  virsangen a waarden drop, vu menger léifster Boyband eppes ze héieren.

D’Jongen vun Take That hunn natierlech schonn dovun héieren an de Video direkt op hirem Twitter-Account gepost. Eng besser Publicity kann et jo kaum ginn!