
© afp
Queen ass d’Liiblingsband vum Axl Rose- an de Freddie Mercury ass a sengen An dee beschte Sänger vun allen Zäiten. Dat sot de Guns N’Roses Sänger dem Atlas-Magazine. “Fir mech ass dat eng einfach Entscheedung, sot de Rose. Queen sinn di gréisst, well si sou vill verschidde Stiler beherrschen“.
Beim Tribute Concert fir de Freddie Mercury am Wembley-Stadion 1992 huet den Axl Rose natierlech net gefeelt. Hien ass mat Guns N’Roses virun der Haaptshow opgetrueden, an dunn nach eemol mat Queen bei „We will rock you“ a mam Elton John bei „Bohemian Rhapsody“.