
© afp
Dass d‘Miley Cyrus sech fir seng nei Single géing mam britesche Produzent DJ Mark Ronson zesummen dinn, war scho laang kee Geheimnis méi. Mee elo eréischt hunn di 2 d’Resultat verëffentlecht.
"Nothing Breaks Like a Heart" heescht den Titel, deen haut eraus koum - an d’Fans sinn begeeschtert vun dëser melodiéiser Popnummer dezentem Country/Flamenco-Touch. "Nothing Breaks Like A Heart" ass iwwregens déi éischt Single aus dem neien Studioalbum vum Mark-Ronson-Studioalbum, deen 2019 eraus kënnt. De Museksvideo gouf bannent e puer Stonnen méi wéi eng Millioun Mol geklickt.