
© Eldoradio
Wee geduecht huet d'Stëmmung wier net immens, ebe grad well et am Ufank eng gewësse Zréckhalung bei BLVTH gouf, dee gouf no 2 Sekonnen Marteria & Casper eppes Bessere beléiert.
Vun Ufank un hunn di 2 Vollgas ginn. Et huet hinne gefall. Dat huet ee gemierkt.
Di 2 hunn alles, wierklech ALLES ginn!
Den Atelier huet geschweesst. All eenzelen Spectateur, mä ganz besonnesch och di 2 Kënschtler.
Si hunn mat dem Lëtzebuerger Public interagéiert, Witzer gemaach. Dat alles ouni langweileg ze ginn.
Adrenalin pur. Vun der éischter Sekonn un.
Lauschtert wéi de Public de Concert fonnt huet:
Di puer méi al Lidder hunn um Schluss dofir gesuergt dass jiddwereen op seng Käschte koum.
Et huet ee gemierkt, di 2 hu Spaass. Den Atelier huet Spaass. Eng perfekt Location fir 1 1/2 Ausnamezoustand!
Um Enn ginn d'Eldo Girls Sarah an Catherine dem Concert 5/5 Stären!
Verdéngt!
Dass dem Sarah seng Posch um Enn futti ass, weist wéi ons Eldo-Meedecher, wéi de Public am Atelier abgaang ass! Nice!