Musek NewsEminem mat 11 Minutte Freestyle

Nodeems den Eminem als Produzent säi Battle-Rap Film verëffentlecht huet, ass elo och en 11 Minutte laange Freestyle vun him online...

Leschten Update: 03.12.2018, 12:00:05

Enn August 2018 huet de Rapper Eminem mat senger LP "Kamikaze" 13 Lidder eraus bruecht wou en net nëmme seng Kollegen, mee och aner Museker a Kritiker gedisst huet. D'Opmierksamkeet déi en doduerch krut huet e genotzt fir säi Projet , de Battle-Rap Film "Bodied" ze promoten an elo huet hien op Instagram den Trailer verëffentlecht.





Mam Release vu Bodied ass den Eminem zeréck bei sengem Battlerap ukomm an huet direkt e néie Freestyle mam Numm "Kick Off" verëffentlecht. An deenen 11 Minutten ass hien net nëmmen op Spaass aus, mee thematiséiert och de Bommenuschlag beim Ariana Grande sengem Concert, den islamesche Regimme, a Fraen déi zum Sex gezwonge ginn.

Highlights vum "Kick Off" sinn zum Beispill folgend Zeilen:

“The bear you don't want to poke is back, the backbone of rap/Your f*cking lead singles are my bonus tracks.”

“Since the day Dre gave me beats, I was made elite, that's basically what makes me me/Creating stink till these tats are fading ink/Who's the greatest? Think, we're still debating. Wink.”

Lauschtert hei de ganze Freestyle zu "Bodied":