
© Youtube Screenshot
D’Ariana Grande huet mam Video zu senger neier Single « thank you, next“ nees eng Kéier e Rekord gebrach. E Freideg ass de Clip op YouTube eraus komm an hätt wuel kaum méi erfollegräich kënne sinn. Iwwert d’Première-Funktioun hunn 830.000 User de Video en direct bei der Verëffentlechung gesinn. E sou eng grouss Zuel u Live Zuschauer am selwechte Moment gouf et virdrun nach ni.
Dëse Weltrekord huet och d’Grënner vun der Museksplattform iwwerrascht.