Musek NewsDen Drake ass den neien Streaming-King

Zejoert louch an den Ed Sheeran fir, awer elo huet den Drake sech d’Kroun zréck geholl.

Leschten Update: 04.12.2018, 13:42:16

© afp

Den Drake ass de meescht gestreamte Museker vum Joer op Spotify. Beim Streamingdéngscht läit de Kanadier souwuel bei den Alben wéi och bei de Singelen op Plaz 1. Op Plazen 2 an 3 komme Post Malone an XXXTentacion.

Dee meescht gestreamte Song vum Joer as “God’s Plan” mat 1,1 Milliarden Opriff,  bei den Alben läit dem Drake säi Wierk „Scorpion“ fir.

Den Drake war schonn 2015 an 2016 dee populäerste Kënschtler beim Streamingdéngscht. Zejoert war den Ed Sheeran weltwäit d’Nummer 1.