Passenger20.4.2019 @ Den Atelier (Sold Out)

De beléifte britesche Songwriter kënnt mat sengem melodiéisen Indiepop zréck op Lëtzebuerg. Tickete fir de Concert gëtt et awer keng méi.

Leschten Update: 10.01.2019, 10:26:46

De britesche Singer/Songwriter Mike Rosenberg ass zanter e puer Joer erfollegräich mat sengem duuss-melodiéisem Indie-Folkpop ënnerwee- ënnert dem Kënschtlernumm Passenger huet hien de Lëtzebuerger Publikum schonn e puer Mol iwwerzeegt.

No sengem ausverkaaften Concert 2017 am Haff vun der Abtei Neimënster kënnt de Passenger d'nächst Joer zréck op Lëtzebuerg- fir e Concert Samschdes den 20. Abrëll 2019 am Atelier. De Conert ass Ausverkaf!

Weider Infos: LINK: https://www.atelier.lu/