Flashdance Musical02. bis 07.04.2019 an der Rockhal

Flashdance ass ee vun de gréisste Kultfilmer aus den 80er - elo kënnt d'Bühnenadaptatioun live an d'Rockhal!

Leschten Update: 05.12.2018, 13:59:07

© Rockhal

Flashdance- the Musical ass di modern inzenéiert Bühnenadaptatioun vum Kultfilm, deen eng ganz Generatioun markéiert hat, a vun deem d'Lidder nach haut jonk an al begeeschteren - Lidder wéi Flashdance- what a feeling" vum Irene Cara an Giorgio Moroder, "Maniac" vum Michael Semballo, "I love Rock'n Roll vum Joan Jett an "Gloria" vum Umberto Tozzi  oder Laura Branigan.

Flashdance ass ee vun de gréisste Kultfilmer aus den 80er, ee Film deen den Genre vum Danzfilm staark markéiert a beaflosst huet. Melodiéis Disco-Klassiker a Verbindung mat opreegenden Danz-Szenen an der Geschicht  vun engem groussen Dram  begeeschteren och méi wéi 35 Joer no senger Kinopremière 1983 nach. D'Geschicht vun enger jonker Fra, déi sech onofhängeg hiren Dram erfëlle wëllt, begleet vu Songs, déi mat dem Oscar an dem Grammy ausgezeechent goufen, wäert och de Publikum zu Lëtzebuerg matrappen.

Terminer:
02.04.2019: 20h
03.04.2019: 20h
04.04.2019: 20h
05.04.2019: 20h
06.04.2019: 15h an 20h
07.04.2019: 14h an 19h

De Virverkaf fänkt dëse Freideg 7. Dezember um 10h un, um Site vun der Rockhal.

Weider Infos an Tix: LINK: www.rockhal.lu

© Rockhal