Musek NewsTop 10 vun den US-Album-Charts 2018 ass do

Um Enn vum Museksjoer 2018 huet den amerikanesche Billboard Magazine eng Top 10 vun den erfollegräichste Alben vum Joer eraus bruecht.

Leschten Update: 05.12.2018, 13:11:48

© afp

An den Top 10 vun de erfollegräichsten Alben an den USA mat dobäi ass zum Beispill  „Invasion of Privacy“ vum Cardi B, „Divide“vum Ed Sheeran, an “Scorpion” vum Drake. Keen Album huet sech awer esou gutt verkaaft an den USA wéi „Reputation“ vum Taylor Swift. Dat huet Billboard elo iwwert säi Jores-Klassement bekannt ginn. Mat „Reputation“ war d’Sängerin 4 Wochen op Plaz 1 vun den amerikaneschen Charts an huet sech am ganzen 48 Wochen an den Top 40 gehalen.

Hei ass d'Top 10 vun den US-Charts 2018: 

01. „Reputation“ – Taylor Swift 
02. „Scorpion“ – Drake 
03. “beerbongs & Bentleys” – Post Malone 
04. “The Greatest Showman” – Soundtrack 
05. “Devide” – Ed Sheeran 
06. “Invasion Of Privacy” – Cardi B 
07. “Astroworld” – Travis Scott 
08. “Stoney” – Post Malone 
09. “?” – XXXTentacion 
10. “Culture II” – Migos