Musek NewsDen Drake dominéiert d'US-Single-Charts 2018

D’Joer 2018 geet op en Enn an d’USA huet elo no den erfollegräichsten Alben och di erfollegräichst Singelen vum Joer bekannt ginn.

Leschten Update: 06.12.2018, 13:39:54

© afp

Keen anere Kënschtler huet dëst Joer di amerikanesch Singlecharts esou dominéiert wéi den Drake mat „God’s Plan“. Dat huet de Billboard Magasinne a sengem traditionelle Joresbilan bekannt ginn. De Rapper ass domat deen éischte kanadesche Museker, deem dat gelongen ass, ausserdeem ass hien ee vun am ganzen eréischt 3 Hip-Hop-Museker déi bis ewell un der Spëtzt vun de Jorescharts waren. Virun him ass dat just dem 50 Cent  an dem Nelly  gelongen.

Hei ass d'Top Ten vun den US-Single-Charts 2018: 

01. “God's Plan” – Drake 
02. “Perfect” – Ed Sheeran 
03. “Meant To Be” – Bebe Rexha & Florida Georgia Line 
04. “Havana” – Camila Cabello feat. Young Thug 
05. “rockstar” – Post Malone feat. 21 Savage 
06. “Psycho” – Post Malone feat. Ty Dolla $ign 
07. “I Like It” – Cardi B, Bad Bunny & J Balvin 
08. “The Middle” – Zedd, Maren Morris & Grey 
09. “In My Feelings” – Drake 
10. “Girls Like You” – Maroon 5 feat. Cardi B