Musek NewsJustin Timberlake leet Tour op Äis

Fans maachen sech Suergen em den Justin Timberlake- aus gesondheetleche Grënn spillt hien bis op Weideres keng Concerten.

Leschten Update: 06.12.2018, 13:48:20

© afp

Den Justin Timberlake hat an de leschte Wochen ëmmer nees Concerten wéinst Stëmmproblemer missen annuléieren. Elo huet hien seng komplett Tour op Äis geluecht.

Wéi de Museker op Instagram erkläert, wieren seng Stëmmbänner ëmmer nach net an der Rei.  Seng Dokteren wéilten, dass hien bis Januar 2019 net séngt.  Eigentlech soll seng Tour an Nordamerika bis an de Mäerz 2019 goen. Ëmmerhin huet hien versprach, dass hien di verpassten Optrëtter wäert nohuelen.