Musek NewsAriana Grande: 'YouTube'-Rekord für 'Thank U, Next'

Virun enger knapper Woch huet d‘Ariana Grande säin neien Video zu „Thank U, Next“ eraus bruecht, kuerz drop awer elo schonn e  Rekord opgestallt.

Leschten Update: 06.12.2018, 14:12:09

© afp

Grad mol 24 Stonnen nom Release huet de Video op Youtube e Rekord opgestallt. Keen anere Museksclip konnt bis ewell bannent engem eenzegen Dag esou vill Streams notéieren wéi „Thank U, Next“. Riets geet vun onwahrscheinlechen 46 Milliounen Views. Zäitweis gouf et op Youtube esouguer technesch Problemer, well den Undrang einfach ze krass war.

A firwat huet grad dëse Video esou ee Succès? Verschidde Medien spekuléieren dass et domat ze huet, dass d’Sängerin hei d‘Trennung vun hirem Ex Pete Davidson verschafft. Deen gesäit de Video iwwregens net als Ofrechnung, mee villméi als Chance op ee neie Libes-Comeback.