Musek NewsTop 10 vun den erfollegräichsten Tournéeën 2018

De "Billboard Boxscore" huet d'Top 10 vun den erfollegräichsten Tournéeën 2018 bekannt ginn.

Leschten Update: 07.12.2018, 14:20:39

© afp

Den Ed Sheeran huet di erfollegräichst Welttournée vum Joer  2018 geliwwert. Wéi de "Billboard Boxscore" ausgerechent huet, sinn iwwert seng "Divide Tour" eng hallef Milliard Dollar era komm. Mee domat net genuch: den Ed Sheeran huet och di gréissten Zomm geliwwert, déi eng Tour an der Geschicht vun "Billboard Boxscore" era bruecht huet.

Bis dohin haten d‘Rolling Stones dëse Rekord gehalen mat hirer "A Bigger Bang Tour" vun 2006. Ausserdeem ass den Ed Sheeran ee vu just 6 weidere Kënschtler, déi mat hirer Tournée d‘300 Milliounen Dollar-Mark an engem Joer konnte knacken. 

Hei ass d‘Top 10 vun den erfollegräichsten Tournéeën 2018: 

01. Ed Sheeran: 9.491.502 | 99 Shows 
02. Taylor Swift: 5.186.362 | 48 Shows 
03. Beyoncé and Jay-Z: 3.514.983 | 48 Shows 
04. Bruno Mars: 7.770.168 | 100 Shows 
05. Pink: 0.402.074 | 88 Shows 
06. Justin Timberlake: 9.277.272 | 76 Shows 
07. U2: 9.203.900 | 55 Shows 
08. The Rolling Stones: 7.844.618 | 14 Shows 
09. Kenny Chesney: 4.333.176 | 42 Shows 
10. Journey & Def Leppard: .095.894 | 60 Shows