Musek NewsRammstein sammelt 1 Milliard Streams

Rammstein sinn eng vun weltwäit erfollegräichsten däitschen Bands vun allen Zäiten. Dat weisen och di nei Streamingzuelen.

Leschten Update: 07.12.2018, 14:35:47

Rammstein notéieren méi wéi 1.000.000.000 Streams op Spotify. Domat sinn si elo Member am inoffiziellen Spotify-Milliarden-Club, wou och The Beatles, Metallica oder d‘Rolling Stones dozou gehéieren. Domat feieren si schonn hiren 2. groussen Erfolleg bannent e puer Wochen. Ufank November haten si eréischt bannent just 4 Stonnen hir éischt grouss Stadiontour komplett ausverkaaft an konnten a ganz Europa am ganzen méi wéi eng Millioun Ticketen an engem Dag un d‘Fans bréngen. 

An och dat nächst Kapitel vum Erfolleg léisst net laang op sech waren. Am Fréijoer 2019 kënnt no bal 10 Joer Paus nees een neie Rammstein-Album.