Musek NewsComeback vu Fettes Brot!

D'Hamburger Band annoncéiert mat "Lovestory" e neien Album, an direkt déi passend Tour dozou.

Leschten Update: 11.12.2018, 15:27:51

© Youtube Screenshot

Fans vun däitschem Hip-Hop opgepasst: Fettes Brot ass 3 Joer no hirem leschten, an aachten, Album zréck. Den Trio huet elo iwwer déi sozial Medien annoncéiert datt si eng nei LP um Start hunn a mat där och direkt op Tour wëlle goen.

Vill méi Infoe goufen et bis ewell nach net, de Numm vum Wierk an d'Tour-Daten hunn d'Hamburger Museker awer scho per Insta-Post mat hire Fans gedeelt. Esou soll den Album "Lovestory" heeschen, a wann een sech d'Tournée esou ukuckt kann een dovun ausgoen datt d'Wierk 2019 op de Marché kënnt. D'Tickete fir d'Tour, an där Lëtzebuerg bis ewell net ageplangt ass, si Freides de 7. Dezember 2018 an online gaangen a kënnen iwwer der Band hir Website kaf ginn.