Musek Newsden Atelier & neimënster annoncéieren: Siren's Call 2019

Déi éischt Informatiounen iwwert déi 3. Editioun vum Festival sinn um Mëttwoch de Moien erauskomm...

Leschten Update: 12.12.2018, 15:41:54

Den 29. Juni 2019 invitéieren den Atelier an d'Abtei Neimënster op déi 3. Editioun vum Siren's Call, deen sech och dës Kéier nees am Gronn ofspille wäert.

Éischt Informatioune ronderëm de Line Up, de geneeë Programm an d'Plaze fir déi verschidde Concerten sinn nach net gewosst a sollen Ufank 2019 annoncéiert ginn.

De Virverkaf fänkt awer schonn dëse Freiden, de 14. Dezember 2018, um 10 Auer Moies un!

E gudde Grond fir ee vun deenen éischte Keefer ze si gëtt et och: Déi éischt 200 Besëtzer vun Ticketen hunn d'Méiglechkeet op der Opening Night, den 28.06.2019 op enger geheimer Location mat enger Selektioun vun lokalen Acts an Djen, mat dobäi ze sinn.