Musek NewsEd Sheeran brécht Spotify Rekord

Iwwer 2 Milliarde Mol gouf dem Singer-Songwriter säin Hit "Shape of You" op der Plattform gestreamt.

Leschten Update: 12.12.2018, 13:54:49

© afp

Rekorder briechen ass fir den Ed Sheeran näischt Neies, virun allem no sengem Erfollegsalbum "Divide", aus deem och d'Single "Shape of You" kënnt.Vun Ufank un gouf de Song als potentiellen Hit ugesinn, gouf mat engem Grammy ausgezeechent a konnt séier un d'Spëtzt vun den Charts stiermen. Ma och elo gëtt dem Sänger säi bis ewell gréissten Hit nach vill gelauschtert, a gestreamt, esou neiste Spotify Zuelen no.

Mat iwwer 2 Milliarde Streams huet "Shape of You" sech vun allen anere Wierker ofgesat an ass den éischte Song deen esou eng Rekordzuel vermierke kann.