Musek News"Bohemian Rhapsody" ass dee meescht gestreamte Song

De Queen-Film “Bohemian Rhapsody” huet grad enorme Succès, elo huet di britesch Band ee weidere Rekord opgestallt.

Leschten Update: 12.12.2018, 14:21:21

Hiren Hit “Bohemian Rhapsody” ass dee meescht gestreamte Song vum 20. Joerhonnert- mat iwwer 1,6 Milliarden Klicks. Domat loosse Queen “Smells like teen spirit“ vun Nirvana an “Sweet child o’mine” vu Guns N’Roses hannert sech.  Duerch de rezente Succès vum Queen-Film  gouf de Song nach mol nei belieft, de Film ass 5 Wochen nom Release di emsatzsstäerkste Museksbiographie an der Geschicht.

De Ranking bezitt sech dee ganzen Zäitraum wou et de Streamingservice gëtt. Spotify zum Beispill gouf 2008 lancéiert an Apple Music 2015.