Musek NewsDi meescht gesichten Museker a Bands 2018 weltwäit

Google huet hir Lëscht eraus bruecht mat de meescht gesichte Museker a Bands vum Joer 2018.

Leschten Update: 13.12.2018, 09:34:18

© afp

An den Top 10 mat dobäi sinn zum Beispill Childish Gambino, Daniel Küblböck oder och nach den Travis Scott. Op Plaz 1 vun de meescht gesichte Museker a Bands vun dësem Joer packt et d’Demi Lovato. Hatt huet eng ganz turbulent Zäit duerchgemaach, an aus deem Grond hu sech vill Mënschen op der ganzer Welt bei „Google“ iwwer hatt informéiert.

Hei ass d'Top Ten vun de meescht gesichte Museker a Bands: 

01. Demi Lovato 
02. Cardi B 
03. Daniel Küblböck 
04. Travis Scott 
05. Rick Ross 
06. 6ix9ine 
07. Yamaguchi Tatsuya 
08. Childish Gambino 
09. Hitomi Yoshizawa 
10. Nick Jonas