Musek NewsMarshmello annoncéiert neien Album

Ufank 2019 schonn kéint deen neien Album vum Marshmello eraus kommen.

Leschten Update: 13.12.2018, 09:43:37

© afp

Den DJ a Produzent huet via Twitter ugekënnegt, dass hien grad un neier Musek schafft. Op sengem neien Album mam Numm „Joytime 3“ wier Hip-Hop a Pop ze fannen. Hien wéilt sech ne top ee Genre limitéieren. Als ee Produzent, dee gäre Musek mécht, géing hien näischt léiwer maachen, wéi d‘Grenzen z’iwwerschreiden. Schonn déi éischt 2 Alben vum Marshmello hunn iwwregens „Joytime“ geheescht. Da si mir mol gespaant, wat de Mann mam Smiley-Helm um Kapp fir 2019 Grousses geplangt huet a wéi eng Kollaboratiounen eis erwaarden.