Musek NewsDoku iwwer "Toten Hosen" kënnt an de Kino

Mat hirer „Laune der Natour“ hunn „Die Toten Hosen“ eng Rekord-Concertstournée ofgeliwwert. An dat Ganzt hunn si och nach filmesch festgehalen.

Leschten Update: 13.12.2018, 09:52:30

Den Documentaire „Weil du nur einmal lebst“ weist Museker, déi frou sinn fir all Dag, wou si nach kënnen zesummen op der Bühn spillen. Wéi et heescht, huet d‘Cordula Kablitz-Post Regie geféiert, eng Fra déi schonn zanter méi wéi 10 Joer ëmmer nees mat den „Toten Hosen“ filmesch zesumme geschafft huet. Dobäi gouf sou authentesch wéi méiglech virun an hannert der Bühn gefilmt. An de Kino kënnt den Documentaire „Weil du nur einmal lebst“ Enn Mäerz 2019.