Musek NewsHat den Drake eppes mat engem Mannerjäregen?

Den Drake kéint a Schwieregkeeten kommen, nodeems elo ee kontroverse Video opgedaucht ass.

Leschten Update: 07.01.2019, 14:28:39

© afp

Am Video ass ze gesinn, wéi den Drake bei engem vu senge Concerten ee 17 Joer aalt Meedchen op d’Bühn hëlt a kusst. Dobäi mécht den Drake och nach Witzer iwwert d’Situatioun ass seet, ironesch, dass hien Problemer kritt wéinst sengem Alter. Vill Leit fannen dat allerdéngs net witzeg. Op Twitter hunn User dozou opgeruff, de Museker an Zukunft ze boykottéieren, De Clip ass zwar eréischt dëse Weekend ronderëm d’Welt gaangen, allerdéngs gouf de Video schonn am Joer 2010 opgeholl. Den Drake säi Pressespriecher wollt sech sech bis ewell net dozou äusseren.

Den Drake ass net deen éischte Museker dee sou ee Feeler mécht. Den R&B-Sänger Akon hat 2007 fir Diskussiounen gesuergt wéi hien op engem Concert Sex mat engem 15-järege simuléiert huet. Den Akon hat sech dono entschëllegt an erkläert dass hien net gewosst huet, dass d’Meedchen nach mannerjäreg ass.