Musek NewsJustin Timberlake kann nees op Tour goen

No enger laanger Paus kann den Justin Timberlake seng "Man of the Woods"-Concertsrees elo weider féieren. 

Leschten Update: 07.01.2019, 14:44:10

© afp

Mëtt November hat de Museker matgedeelt, dass hien wéinst Problemer mat senge Stëmmbänner eng Partie Concerten misst ofsoen. De Museker huet sech doropshi geschount an op Rot vu sengen Dokteren all Dag Übungen gemaach. Elo ass de Museker nees toppfit, a wéi hien huet op Instagram matdeelt, wäert hien all di ofgesoten Concerten elo nohuelen.






View this post on Instagram

And... we’re back. See you tomorrow DC! #MOTWTOUR

A post shared by Justin Timberlake (@justintimberlake) on