Musek NewsBarack Obama eruewert eng éischte Kéier d'R'n'B-Charts

De fréieren amerikanesche President Barack Obama huet eng éischte Kéier d’R’n’B-Charts an den USA erreecht.

Leschten Update: 07.01.2019, 16:10:19

© afp

Den Barack Obama huet dem amerikanesche Songwriter a Komponist Lin-Manuel Miranda erlaabt, e puer Zeilen vu senger Abschidsriet aus dem Joer 20917 zur Verfügung ze stellen. Déi Wieder huet den Miranda elo a sengem Lidd „One Last Time“ benotzt. Nieft dem Obama kann een am Lidd och d’Stëmm vum Hamilton-Acteur Christopher Jackson an vum Gospelsänger BeBe Winans lauschteren.

D’Lidd ass Freides de 27. Dezember 2018 eraus komm an gouf bannent 7 Deeg ganzer 307.000 Mol gestreamt. Domat huet den Titel sech eng Platz an den amerikaneschen R’n’B-Charts geséchert. Op der Positioun 22 klasséiert sech „One Last time“ deemno an dëser Woch- et ass deen éischte musikaleschen Erfolleg vum Barack Obama.