Musek NewsMike Posner: ze Fouss ënnerwee duerch ganz Amerika

De Mike Posner, dee Mann dee viru 4 Joer mam Titel „I Took a Pill in Ibiza” e groussen Hit gelant hat, huet sech dëst Joer e grousse Projet virgeholl.

Leschten Update: 09.01.2019, 06:35:21

© Facebook

De Songwriter huet eng Rees geplangt wéi hien se nach ni virdru gemaach huet. Hien wëllt duerch ganz Amerika reesen-an zwar ze Fouss. Den 1. Mäerz soll et lass goen. Wéi de Mike Posener an de soziale Medien schreift, wäert säin Tour beim atlanteschen Ozean ufänken an beim pazifeschen Ozean ophalen. Di ganz Rees soll quasi säi ganzt 31. Liewensjoer an Usproch huelen. All Mënsch wier wëllkomm, hien ze begleeden, seet de Museker.





Am Video zu senger neier Single "Move On" gëtt et e klengen Abléck an dem Museker seng rezent Vergaangenheet. Doraus ergëtt sech vum selwen, wisou hien esou eng Rees ugoe wëll.