Musek NewsManager confirméiert neien Album vum Justin Bieber

Den Justin Bieber hat sech an der lescht aus der Ëffentlechkeet zréck gezunn a säi privat Gléck genoss. Dëst Joer steet awer nees d'Musek am Mëttelpunkt.

Leschten Update: 08.01.2019, 15:06:35

© afp

Méint si vergaangen, ouni nei Musek vum Justin Bieber. De Museker hat awer versprach, dass hien no senger Hochzäit nees nei Lidder géing eraus bréngen. Souguer ee kléngt Meedchen war an engem Instagram-Video schockéiert dass mer vum Kanadier näischt méi héieren hunn. „Du wäerts méi séier vu mir héiere wéi’s du mengs, hat den Justin Bieber him geäntwert.



Via Twitter huet säi Manager elo confirméiert, dass 2019 ee „wëllt Joer“  wäert ginn an mir vum kanadesche Sänger sou munches erwaarde kënnen. Deemno soll geschwënn säi 5. Album op de Maart kommen.