Musek NewsRammstein: neien Album ass fäerdeg

Et ass scho méi laang gewosst, dass Rammstein dëst Joer en neien Album eraus bréngen. Elo ginn et weider Detailer.

Leschten Update: 08.01.2019, 15:18:29

Et ass eng Nouvelle, déi all d’Fans vu Rammstein wäert freeën. Hiren neien Album « Liebe ist da“ ass fäerdeg.  Wéi de Gittarist Richard Z. Kruspe confirméiert huet, hätt een den Album zu Los Angeles mam Rich Costey gemixt- ee Mann dee scho mat Muse an anere Bands zesumme geschafft huet.  Aus dem Album sollen 5 Museksvideo’en also respektiv Singelen ausgekoppelt ginn.

Am Abrëll soll den Album eraus kommen. Mat deem neie Wierk kommen d’Museker jo den 20. Juli fir eng Open Air Show op Réiser.