Musek NewsAdele: Ni méi live?

Keng weider Concertstour méi fir d'Adele: d'Sängerin huet hir Tourfirma opgeléist.

Leschten Update: 09.01.2019, 14:51:33

© afp

D’Adele huet seng Tourfirma opgeléist. D‘Entreprise mam Numm „Remedy Touring LLP” existéiert deemno net méi. Et kann een also dovun ausgoen, dass d’Adele an Zukunft net méi op Tour geet. Ee Schock fir d’Fans, awer u sech keng wierklech Iwwerraschung.

Scho virun 2 Joer hat d‘Adele de Medien gesot, et wéisst net, op et jeemools nees op Tour géing goen, D’Touren géing net zu him passen, hatt wier am léifsten doheem.

Musikalesch aktiv bleift d’Sängerin awer trotzdeem Dëst Joer soll een neien Album vum Adele eraus kommen.